Scheckiwwerreechung un d’Amicale Foyer Pietert Grevenmacher
Am Kader vum 4. Maacher Oldtimer-Dag den 7. Juni 2025 war de Fifty-One Club Musel 8 mat engem Gedrénksstand op der Moartplaz vertrueden. Eech Alleguer MERCI fir äre Besuch esouwéi MERCI éise Memberen fir hir Hëllef um Stand.Mat grousser Freed hunn mir doropshin, de leschte Freideg op der kleenger Moartplaz zu Gréiwemaacher e Scheck vun 1.051,00€, un d’Amicale vum Foyer Pietert iwwerreecht, dëst huet an engem häerzlechen a familiären Ëmfeld stattfonnt, zesumme mat Bewunner, Mataarbechter an Ënnerstëtzer vum Foyer. Als Fifty-One Musel 8 ass et eng Herzenssaach, iis fir sozial Projeten ze engagéieren, fir méi Mënschlechkeet a Solidaritéit an éiser Regioun.